
Doduerch géing d’Regierung sech ze vill finanzielle Spillraum ewechhuelen. Dat schreift d’Jugendpartei vun der DP no hirem Nationalkongress. D’JDL stéiert sech dann un de Kompetenze vu Ponts&Chaussées op lokalem Niveau. Verkéierstechnesch Mesure vu Gemenge géingen dacks vun der Verwaltung verhënnert ginn. D’Gemenge missten hei méi ze soe kréien. Weider fuerderen déi jonk Liberal, Extremismus misst bekämpft ginn duerch Opklärung an eng aktiv Participatioun vun de Jonken.
