
-Dat notéiert de Conseil national des finances publiques e Méindeg an enger Analys vum Stabilitéits- a Wuesstemsprogramm vun der Regierung fir d’Joren 2024 bis 2027. D’Erklärung wier, datt d’Regierung sech op Zuele vum Statec baséiert, iwwerdeems awer nei Zuelen do wieren.
De CNFP erënnert drun, datt d’EU Staaten opgefuerdert sinn, déi aktuellsten Zuelen ze benotzen. Onofhängeg dovunner stellt de CNFP och fest, datt d’Administratiounen all déi Jore weider mat engem Budgetsdefizit géingen ofschléissen.