Consultatiounsdebatt an der ChamberRegierung schafft un Alimentatiouns-Aktiounsplang

Diana Hoffmann
En Donneschdeg goufe vun der Regierung wärend engem Consultatiounsdebatt Iddie gesammelt, fir den éischten Aktiounsplang zur Ernärung auszeschaffen.
© RTL (Archiv)

D’Chamber sollt als éischte Pouvoir, och als éischt gefrot ginn, fir Iddien ze sammelen, sou d’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen (CSV) an der Chamber. Parallel goufen awer och eng 60 sougenannte Stakeholder aus dem Liewensmëttelberäich consultéiert. Vun de Beruffskummeren, iwwert d’Produzenten, d’Liewensmëttelhandwierk, de Konsumenteschutz, d’Schoule bis hin zum Mouvement écologique. Doriwwer eraus sollen déi verschidde concernéiert Ministère och fir de Plang zesummeschaffen. Also de Landwirtschafts- , de Gesondheets-, Educatiouns- an Ëmweltministère.

Sechs Aktiounsfelder goufe fir den neien Aktiounsplang definéiert, déi sech aus enger TNS-Illress Ëmfro erginn hätten. Dës deele sech op an d’Sujete vun der gesonder Ernärung, d’Offert u regionale Produiten, sou wéi och déi vu saisonale Produiten, d’Liewensmëttelsécherheet, de Kampf géint d’Liewensmëttelverschwendung an als leschte Punkt, en equilibréierte Präis tëscht dem Produit an dem Akommes vum Produzent.

Et wéilt ee sech asetze fir eng sécher a gesond Ernärung, andeems een eng regional, nohalteg a resistent Landwirtschaft géing fërderen, sou d’Martine Hansen zesummefaassend.

Oppositioun freet méi Konkretes

D’Deputéiert hunn deels ganz ënnerschiddlech Punkten, betreffend de breede Sujet op den Dësch bruecht. Direkt e puer hunn awer bedauert, dass d’Proposen nach net méi konkret gewiescht wieren, sou dass si sech hätte kënne positionéieren. D’Ministesch huet awer drop higewisen, dass dëst d’Zil gewiescht wier, fir elo emol d’Iddien ze sammelen.

Mir brauche kloer liesbar Etiketten op de Verpackungen, déi verständlech an Transparent sinn”, huet zum Beispill den DP-Deputéierte Luc Emering gefuerdert. Et misst ee Produzenten a Konsumenten nees méi no beieneebréngen, wat de regionale Marché ugeet, an de Beruff vum Bauer nees méi attraktiv maachen. Eng Fuerderung, déi en Donneschdeg de Moien net just vun him geäussert ginn ass.

D’Claire Delcourt (LSAP) ass der Meenung, dass een eng grondleeënd Reform vum Ernierungssystem bräicht, wéi dat vun der Farm-to-Fork-Strategie virgesi gewiescht wier. Weider Stéchwierder waren den Erhalt vun der Biodiversitéit a Klimaschutz. Dës sinn och vun Déi Gréng opgegraff ginn. An der zukünfteger Ernierungsstrategie misst d’Ëmweltverdréiglechkeet eng zentral Roll spillen, seet d’Joëlle Welfring (Déi Gréng). “Well d’Iessgewunnechten hunn net just e groussen Afloss op d’Gesondheet, mee och op d’Gesondheet vun der Loft, dem Buedem an dem Waasser”, esou d’Deputéiert.

Eng Nutri-vigilence, wéi se schonn an den Nopeschlänner besteet, freet dann d’ADR. “Dëst ass d’Iwwerwaachung vum Konsum an d’Kontroll vun Iessergänzungsmëttel, neiaartege Liewensmëttel, ugeräicherte Liewensmëttel oder sougenannten Energy Drinks an anere Produiten”, betount d’Alexandra Schooss.

Fir den David Wagner (Déi Lénk) ergi sech dann aus der Diskussioun eng Partie evident Fuerderungen: “Schluss mat sozial an ëmweltschiedleche Fräihandelsaccorden. Eng demokratesch Planifizéierung vun der Ernierungspolitik mat alle concernéierten Acteuren a gratis Iesse fir all Schüler am Fondamental an am Lycée.

Back to Top
CIM LOGO