Kritik vun Oppositioun a MouvecoRegierung wëll beim Energie- a Klimaplang manner op "Obligatioune" setzen

Fanny Kinsch
Enn Juni lafen déi aktuell Hëllefen aus. Wéi et dono weidergeet, ass nach net gewosst, mä dofir ass emol kloer: Eng Mesure gëtt gestrach.
Upassunge vun Energiehëllefen: Kritik vun Oppositioun a Mouveco
D’Regierung wëll beim Energie- a Klimaplang manner op “Obligatioune” setzen dofir méi op “Fräiwëllegkeet”.

Nach bis Enn Juni gëllt den aktuelle Regime vun den Hëllefen, déi d’Leit sollen encouragéieren, op erneierbar Energien ëmzeklammen. Wéi et duerno weidergeet, ass bis ewell net gewosst. D’Regierung wëll awer op alle Fall op Incentiven an net op Contraintë setzen. Aus dem PNEC, den nationalen Energie- a Klimaplang, gëtt eng Mesure gestrach, déi virgesinn hat, den Abau vun nohaltegen Heizungen a verschiddene Fäll obligatoresch ze maachen.

Gas- oder Masuttsheizung raus, Alternativ wéi Wäermepompel eran. Am Energie- a Klimaplang war virgesinn, dass dat obligatoresch kéint ginn. Dat am Fall, an deem d’Klimaziler anescht net géingen erreecht ginn an och just, wann déi al Heizung futti wier. Rezent an enger Chamberkommissioun huet den Energieminister annoncéiert, déi Mesure nees ze sträichen. Net déi richteg Decisioun, heescht et zum Deel vun der Oppositioun, dorënner och vun der fréierer Ëmweltministesch Joëlle Welfring.

“Op där Mesure, sou wéi se geschriwwe war, ass et jo och eng fräiwëlleg Moossnam a se gëtt eréischt eng Moossnam, déi muss gräifen, wa mer d’Ziler net erreechen. Sou ass se elo formuléiert. Wann een elo deen zweeten Deel eraushëlt, da steet just eppes vun enger fräiwëlleger Moossnam dran. A wa mer d’Zileren an der Endrechnung net sollten erreechen, da wäert déi europäesch Kommissioun eisem Land scho soen, dass se do muss aner Moossnamen ergräifen, fir dass mer déi Ziler kënnen erreechen. Dat heescht, dat wäert dann awer kommen. Dofir hunn ech et am Fong méi éierlech fonnt, dat vun Ufank un dranzeschreiwen, dass dat eng Méiglechkeet gëtt, awer eréischt wann déi Bedéngung net erfëllt ass, dass mer d’Ziler net erreechen.”

Änlech skeptesch reagéiert och d’Ëmweltorganisatioun Mouvement Ecologique. Et géing een net verstoen, firwat déi Moossnam elo nees zréckgezu géing ginn. D’Regierung hätt bis elo wéineg Positives am Klima- an Energieberäich opweises, kritiséiert d’Blanche Weber.

“Ganz oft gëtt vun Hürde geschwat, déi entstinn, vu Problemer, déi entstinn, duerch Klima an Biodiversitätsschutz. Mä ganz konkreet, wat si am Positive wëlle maachen, dat soe se net. An elo eppes vun den éischten Ukënnegungen, déi se maachen, dat wär eng Moossnam, déi vläicht an e puer Joer sollt antrieden, an dann och nach mat Ausnamen elo ze sträichen.”

Ugeschwat op d’Kritik seet de Minister, d’Regierung géing zu den Ziler vum Energie- a Klimaplang stoen, wéilt d’Leit awer – Zitat – “mat op de Wee huelen” an net mat Obligatioune schaffen, esou d’Erklärung vum Energieminister Lex Delles.

“Wa mer gesinn, dass verschidde Saachen net erreecht ginn, da musse mer op aner Moyenen zréckgräifen. Vläicht mat de Subside méi héich schaffen. Da musse mer kucken, fir d’Leit dovunner ze iwwerzeegen, et ze maachen. Mä ech mengen, dass e Verbuet vu verschidde Saachen, wéi zum Beispill hei mat den Heizungen, e Verbuet dozou féiert, dass d’Leit net méi verstinn, firwat se solle maachen an dann och verluer sinn. An dofir, dass mer eis Ziler dann nach manner wäerten erreechen.”

Déi aktuell Subside fir erneierbar Energië ginn et nach e gudde Mount. Doriwwer wéi et duerno weidergeet, wollt de Minister nach net vill soen.

“Mir wäerten nach virum Summer do Annoncë maachen, wéi et wäert weidergoen. Dir wësst jo, dass déi verschidde Regimmer Enn Juni oflafen. A bis spéitstens dohinner musse mer an der Regierung déi verschidde Saachen decidéiert hunn.”

D’Nofro fir d’Hëllefe fir eng nohalteg Heizung an och fir d’Installatioun vu Solarpanele wier op alle Fall ëmmer nach héich, esou d’Prezisiounen.

Back to Top
CIM LOGO