Op Gemengen-NiveauRegierung wëll kee Verdeel-Schlëssel fir Asyldemandeuren

RTL Lëtzebuerg
Aktuell geréiert den ONA 72 Flüchtlings-Strukturen a 34 Gemengen am Land.
© RTL Archiv

D’Regierung ass net gewëllt, op de Wee ze goen, datt et en obligatoresche Verdeel-Schlëssel fir d’Gemenge bei Asyl-Demandeure soll ginn.

Dat soe kloer an däitlech d’Ministeren Hahn a Gloden, deenen no d’Gespréicher mat de Gemenge fir den Accueil vun de sougenannten DPIen awer géife verstäerkt gefouert ginn. Aktuell geréiert den ONA 72 Flüchtlings-Strukturen a 34 Gemengen am Land.

Rezent Sitten, déi opgaange sinn, zu Schëmpech an Esch, wou eng 170 Leit kënnen ënnerkommen - weider nei Gebailechkeete fir Leit, déi Asyl froen, ginn am Summer zu Hesper an Ettelbréck op, wou nach emol kënnen 180 Leit accueilléiert ginn.

Dës Chiffere liwweren d’Ministeren Hahn a Gloden op eng parlamentaresch Fro vun den LSAP-Deputéierten Delcourt, Engel a Biancalana.

Back to Top
CIM LOGO