
Béid trieden hir nei Posten de 15. Mee un. Donieft hunn d’Ministeren e Mëttwochmoien den Thierry Fehr als neien Zentraldirekter vun der Police administrative op den 1. Juni genannt. De Francis Lutgen fir säin Deel, iwwerhëlt den Zentraldirekterposten bei de Ressources humaines (“Ressources et compétences”) an dat vum 1. August un.
D’Successeure vum Generaldirekter Philippe Schrantz an dem Directeur adjoint Donat Donven stinn an de Persoune vum Pascal Peters an Alain Engelhardt zanter Mäerz fest. Mat den Nominatioune vun e Mëttwoch ass den neien Direktiounscomité bei der Police am August dann ausgetosch. Déi grouss Rotatioun kënnt dohier, well lauter Direktiounsmemberen zesumme gefrot hunn, fir kënnen an d’Pensioun ze goen.