Changementer am StaatsrotRegierungsrot wëll de Marc Thewes als neie President proposéieren

RTL Lëtzebuerg
Am Regierungsrot gouf decidéiert, dem Grand-Duc ze proposéieren, de Marc Thewes als neie President vun der héijer Kierperschaft ze nennen.
© RTL Archiv

Den Alain Kinsch an de Christophe Schiltz solle Vizepresidente ginn. Déi fräi Plaz am Staatsrot soll den Affekot Alex Penning besetzen. Hie war Generalsekretär vun der ADR.

Fir méi Driff an de Logement ze kréien, huet d’Regierung e Mëttwoch am Conseil wéi ugekënnegt de Projet op den Instanzewee geschéckt, fir dass an Zukunft Bau-Autorisatiounen net méi just ee Joer, mä zwee Joer valabel bleiwen an ëm ee Joer verlängert kënne ginn.

Am Enseignement kruten nei Sektiounen am Secondaire classique gréng Luucht. Et geet ëm 3 Orientatiounen, nämlech “Entrepreneurship”, “Sciences cognitives” wéi och “Politik an Nohaltegkeet”.

Back to Top
CIM LOGO