
1988 huet den Domaine Thermal zu Munneref seng Dieren opgemaach. Mëttlerweil hu grouss Deeler vum Komplex misse renovéiert ginn, et ass zudeem een Ausbau geplangt. 2020 huet d’Chamber ee Finanzéierungsgesetz iwwert 133 Milliounen Euro ugeholl. Wéinst dem Bau-Index gouf de Montant an der Tëscht op 190 Milliounen Euro ugepasst. Dobäi komme méi wéi 20 Milliounen Euro vum Domaine selwer, de Rescht vum Staat.
Zanter Enn Januar läit d’Baugeneemegung vir, geschitt ass bis haut awer nach näischt. Vum zoustännege Ministère des travaux publics heescht et, Grond wiere Verspéidunge bei der Baugeneemegung. “Dat stëmmt”, seet de Buergermeeschter, deen de Ball awer gläichzäiteg zeréck bei de Ministère spillt.
Et hätt een eng onkomplett Ufro erakritt, an där net all d’Konditiounen, déi d’Bautereglement virgesäit, respektéiert gewiescht wieren. Konkret geet et ëm d’Unzuel vun de Parkplazen. De Munnerëffer Buergermeeschter Steve Reckel.
“Do huet sech ganz séier rauskristalliséiert, datt et nom Reglement, deen haut en place ass, datt et do schonn net duergeet. Mat all deene Leit, déi do schaffen, mat deenen iwwer 300 Leit, déi do schaffen. An datt mer musse kucken, wa lo eng grouss Transformatioun kënnt, wou jo och eng Vergréisserung kënnt, datt da genuch Parkplazen do si fir déi Leit, déi do schaffen. Mee haaptsächlech fir déi Leit, déi dohin an d’Kuer kommen, well se kommen net alleguerte mam Vëlo oder mam Bus.”
Obwuel hien de Besoin vun zousätzleche Parkplazen a Reuniounen am Virfeld ugeschwat hätt, wieren dës ni mat ageplangt ginn. D’Baugeneemegung wier nach bis Januar 2026 gëlteg an de Ball géing lo beim Ministère leien.
“Si maachen am Moment eng Etüd vun deem wat se haut bräichten a vun deem wat se muer och brauchen a da musse se kucken, wou se déi dann nach hi kréien.”
Vum Ministère des travaux publics heescht et iwwerdeems an enger schrëftlecher Äntwert, d’Ausschreiwunge fir déi éischt Aarbechte sollen nach bis Enn des Joers publizéiert ginn. D’Aarbechte sollen da Mëtt 2025 ufänken an ongeféier 6 Joer daueren. Se géingen a Phasen duerchgefouert ginn, fir d’Aktivitéite vum Domaine Thermal esou mann wéi méiglech ze beanträchtegen.