No 6 MéintReouverture vum Pirateschëff an der Avenue Monterey

RTL Lëtzebuerg
D'Pirateschëff am Park vun der Avenue Monterey ass nees fir déi Kleng accessibel. D'Spillplaz gouf wärend deene leschte sechs Méint erneiert.

Ënner anerem gouf de Buedembelag ausgetosch, nei Spiller nieft dem Pirateschëff opgebaut an aler renovéiert. Och de Wues vun der Spillplaz gouf rëm an d’Rei bruecht.

Insgesamt ginn et an der Stad Lëtzebuerg 212 Espace fir Spill & Sport. Fir weider Informatiounen zu de Stater Spillplaze kënnt Dir spillplazen.vdl.lu besichen.

Back to Top
CIM LOGO