Nodeems de Container fir d’éischt virun der UNO zu Genf stoung an d’lescht Woch de Wee op Bréissel virun d’EU-Parlament fonnt hat, koum d’Replik vun engem Hamas-Tunnel dëse Freideg op Lëtzebuerg. D’nächst Woch mécht se en Tour duerch Frankräich.
D’ONG “Coopération Luxembourg” Israel huet déi immersiv Erfarung vum Leidenswee vun de Geiselen an der Gazasträif op de Kierchbierg bruecht. D’Aktioun, déi vum internationale “Forum vun de Famillje vu Geiselen a Vermëssten” an d’Liewe geruff gouf, soll un d’Schicksal vun de Geiselen erënneren, déi zanter dem 7. Oktober zejoert, nom Iwwerfall vun der Hamas op Israel, an der Gazasträif gefaange gehale ginn. D’Organisatiounen hannert der Replik wëllen op déi schrecklech Zoustänn opmierksam maachen, an deenen d’Geiselen zanter antëscht 160 Deeg liewen.
D’Reproduktioun vum Hamas-Tunnel baséiert op Aussoe vu Geiselen, déi antëscht fräi koumen. Et wier eng bedréckend Atmosphär, déi duerch Däischtert an “authentesche” Geräischer nogestallt gëtt, beschreift de Boaz Unger vum “Forum vun de Famillje vu Geiselen a Vermëssten” d’Stëmmung am Container. D’Téin komme vun originalen Opname vun der Hamas, déi vun der israeelescher Arméi recuperéiert goufen. Wéi ee vun den Organisateure vum Forum dem Sender rtbf géigeniwwer erkläert, geet et drëm, d’Erfarung esou realistesch wéi méiglech ze gestalten. “Alles ass richteg, souguer d’Kuliss. Et ass e Band mat Originaltéin. Et geet drëm, an d’Käpp vun de Geiselen anzedréngen, et dauert 3 Minutten, mä heiansdo huet een d’Gefill, datt d’Zäit net vergeet”, sou den Unger zu Bréissel.
D’Zil vun der ONG Coopération Luxembourg Israel ass et, d’Kooperatioun tëscht dem Grand-Duché an Israel weider z’entwéckelen, déi ekonomesch, sozial a kulturell Relatiounen tëscht béide Länner ze stäerken, awer och déi géigesäiteg Ënnerstëtzung vu lokalen an internationalen Organisatiounen ze koordinéieren.