
Den Debat iwwert d’Investissementer vum nationalen Kompensatiounsfong leeft schonn zanter Joren. En Donneschdeg de Mëtteg huet d’Pensiounskeess déi sougenannten Exklusiounslëscht op de Leescht geholl. Op där Lëscht stinn déi Betriber a Societéiten dran, an déi een als Lëtzebuerger Pensiounsfong net dra wëll oder däerf investéieren.
Déi Exklusiounslëscht gouf am Joer 2011 agefouert, ënnert dem deemolege Sozialminister Romain Schneider, als éischt Element vu méi enger nohalteger Politik. 119 Entreprisen goufen deemools dorop festgehalen.
Beispillsweis wëll ee séchergoen, dass weder Aarbechtsrecht, nach Mënscherechter, nach Ëmweltnorme violéiert ginn. Betriber sinn tabu, déi mat kontroverse Waffen ze dinn hunn, beispillsweis déi Streebommen oder cheemesch Waffen hierstellen.
Dat bleift och esou, ma en Donneschdeg gouf d’Lëscht awer aktualiséiert.
18 Societéite ginn elo vun der Exklusiounslëscht erofgeholl, dorënner beispillsweis déi däitsch Rheinmetall AG, e grousse Rëschtungskonzern an Automobil-Zouliwwerer. Och de Rëschtungskonzern Hensoldt gouf gestrach. Béid géife keng kontrovers Waffe méi produzéieren.
Et däerf also elo souwuel bei den aktiven, wéi och bei de passive Mandater a Rheinmetall an Hensoldt investéiert ginn. Awer nach ëmmer net an zum Beispill Leonardo, BAE Systems oder Rolls Royce, déi ënnert anerem Deeler fir Atom-Reaktere produzéieren.
Vun der Lëscht erofgeholl gëtt elo ausserdeem den US-amerikanesche Spill-Produzent Mattel, ëmmerhin dee weltwäit zweetgréissten hannert Lego. Mattel stoung bis ewell wéinst Bedenke bei der Betriebsethik drop, well duerch Faille bei Produite vun der Duechtergesellschaft FisherPrice Kanner ëmkomm waren.
Och Siemens Energy gouf vun der Lëscht erofgeholl. Aktuell bleiwen 101 Betriber fir Investissementer vum Pensiounsfong tabu an direkter Linn, a weider 22 an indirekter Linn.