
Géint 19.30 Auer waren eng Ambulanz vu Réiden an d’Pompjeeë vun Useldeng op e presuméierten Accident op der Streck tëscht Useldeng a Bëschdref geruff ginn, well do en automateschen Alarm vun engem Smartphone ausgeléist gi war.
Op der Plaz sollt sech awer erausstellen, schreift de CGDIS de Moien a sengem Bulletin, dass den Handy just aus dem Auto gefall war.
De CGDIS mellt dann och nach ee Blesséierten, dat géint 19 Auer en Dënschdeg den Owend. Eng Persoun gouf op der Areler Strooss zu Mamer vun engem Auto ugestouss.