
E Spriecher vun der Police confirméiert op Nofro, dass eng Persoun mat hirem Auto an e Bam gerannt ass an dobäi schwéier blesséiert gouf. Nieft der Police waren och d’Rettungsekippen aus der Géigend op der Plaz, grad ewéi de Rettungshelikopter. Den CR152 war eng Zäit laang fir den Trafic gespaart.
De Miess- an Erkennungsdéngscht ass op d’Plaz geruff ginn, fir déi genee Ëmstänn vum Accident ze klären.
Wéi de CGDIS nach mellt, si géint 17.23 Auer um CR160 tëscht Diddeleng an Zoufftgen zwee Autoen aneneegerannt. Hei blouf et beim Materialschued.
Eng Kollisioun tëscht zwee Gefierer gouf et dann och nach emol en Donneschdeg de Moie géint 8.30 Auer op der RN04, tëscht der Cloche d’Or a Leideleng. Hei gouf et ee Blesséierten ze bekloen.