Kannerdokter erkläertRichteg reagéiere bei Kontakt vu Kanner mat Gëftstoff

RTL Lëtzebuerg
Nom Virfall an der Maison relais vu Stengefort stellt sech Fro, wéi een am beschte virgeet, wa Kanner a Kontakt komme mat gëftege Produiten.

Et ass dacks séier geschitt. D’Kand hëlt eng Pëll an de Mond, déi d’Bomi um Dësch leie gelooss hat oder huet eng Schlupp Botzmëttel gedronk, well dëse séiss richt. Wéi séier et goe kann, huet een och an der Maison relais vu Stengefort erlieft. Hei hat eng mannerjäreg Schülerin als “Geck” Desinfektiounsmëttel an e Waasserkrou gesprutzt, aus deem duerno aner Kanner gedronk hunn. Et war awer sou niddereg doséiert, dass kengem weider eppes geschitt ass.

Zu Stengefort hat ee sech un déi virgeschriwwe Prozedure gehalen, wéi d’Gemeng Stengefort matgedeelt huet. Ma wéi soll een dann als Erwuessene reagéieren, wann dëst doheem oder ënnerwee geschitt?

Net panikéieren

Wann ee mierkt, dass d’Kand eppes giess oder gedronk huet, wat potenziell schiedlech oder gëfteg ass, soll een op kee Fall panikéieren, och wann ee sech natierlech Suerge mécht. Et kann een den 112 uruffen, ma am beschte Fall mellt ee sech direkt beim Centre antipoison belge. Lëtzebuerg huet nämlech en Ofkommes mat Zentrum an der Belsch. Dëse kann een zu all Moment iwwert den Telefonsnummer 8002 5500 erreechen. D’Experte kënnen am beschten aschätzen, wéi uerg d’Situatioun ass an op de Rettungsdéngscht muss alarméiert ginn oder, ob ee fir d’éischt d’Reaktioun vum Kand observéiere soll.

E wichtegen Tipp gëtt eis den Urgentist a Kannerdokter Dr. Claude Schalbar mat op de Wee: “Vill Eltere stiechen dem Kand de Fanger an den Hals, fir dass dëst sech iwwergëtt an de Produit domat souzesoen aus dem Kierper ass.”

Dat wier e verständleche Reflex, awer falsch a soll op kee Fall gemaach ginn. “Domat passéiert de Produit net nëmmen eng Kéier de Mond an d’Speiseröhre, mee direkt zweemol, wat fir weider Schied suerge kann. A wann d’Kand sech iwwergëtt, kann de Produit och nach an d’Otemweeër geroden.”

Dës weidere géife verschidde Produiten op Flëssegkeet reagéieren. Et sollt een dem Kand also näischt direkt drop ze drénke ginn, well de Gëftproduit da schaime kann an och dëst rëm inhaléiert ka ginn.

Anescht ass et wann d’Kand aus Versinn e Medikament geholl huet, wat et net sollt. Hei soll een dem Kand vill Waasser oder Téi ze drénke ginn, fir dass d’Medikament sech verdënnt.

Allgemeng géif et ëmmer rëm zu esou Virfäll kommen, dat och zu Lëtzebuerg. Den Dr Schalbar, Chef de Service an der Urgence vun der Kannerklinik, gëtt Elteren och nach de Rot, opzepassen, wéi si hir Saachen doheem stockéieren. Sou solle Botz- a Wäschmëttel net a Plastiksfläschen ëmgefëllt ginn. Dat kéint d’Kand mat enger normaler Waasserfläsch verwiesselen. Medikamenter, Botzmëttel an all aner kriddeleg Produite mat gëftegem Contenue sollen ni op Plaze gelagert ginn, déi fir d’Kanner liicht erreechbar sinn. Déi meeschte Virfäll geschéien nämlech Doheem am alldeegleche Liewen.

RTL-News vum 17.8.23: No Incident a Maison relais - Gemeng Stengefort: “D’Kanner waren zu kengem Zäitpunkt a Liewensgefor”

Back to Top
CIM LOGO