Ma wat geschitt mat de Batterien, wann d’Elektrogefierer verschrott ginn? D’Lëtzebuerger Entreprise Circu Li-lion huet sech drop spezialiséiert, fir esou Batterien ze recycléieren.
E Roboter suergt duerfir, datt d’Batterien en zweet Liewe kréien. D’Maschinn hëlt déi sougenannte Batteriepack, déi an den Elektroautoe verbaut sinn, auserneen. Well et awer verschidden Autoskonstrukteure gëtt, muss de Roboter fir all eenzel Mark an all eenzele Modell nei ugeléiert ginn. Déi Programmatioun gëtt hei zu Lëtzebuerg gemaach. “Dann hu mer an Däitschland eng Fabrick, wou mer wierklech d’ Batterien auserneen huelen. Wéi mer an Zukunft d’Geschäft grouss maachen, ass, dass mir en Technologieanbieter ginn. Dat heescht, mir huelen ons Robotere mat deem Set-up a mir stellen déi bei Recyclingzenteren.” erkläert den Generaldirekter Antoine Welter.
De leschte Mount gouf de Roboter feierlech ageweit. Et ass e Geschäftsmodell, deen Zukunft huet, dovunner ass den Antoine Welter iwwerzeegt. Batterië si wäertvoll, och nodeems den Elektroauto verschrott gouf. D’Akkue gi getest, wann d’Batterien nach gutt sinn, kënne se an der Industrie oder a Privathaiser als Energiespäicher agesat ginn. Wann se net méi gutt sinn, gi se recycléiert.
“Dat Schéint un enger Batterie ass, déi Ressourcen, déi do dra sinn, déi kënnen esou oft wéi e wëll recycléiert ginn. Déi mussen dann nees opbereet ginn. Mee dat ass eppes anescht wéi beim Ueleg. Wa mer deen eng Kéier verbrennen, ass e fort”, erkläert den Antoine Welter d’Virdeeler vun enger Batterie.