Deng Zukunft – Däi WeeRonn 1.000 Visiteuren op der Infobourse fir Jonker an Elteren

RTL Lëtzebuerg
De ganzen Dag iwwer konnte Jonker sech mat hiren Elteren op iwwer 50 Stänn iwwer allméiglech Beruffer, Stagen a Formatiounen informéieren.

Ronn 1.000 Visiteure goufen e Mëttwoch op der Infobourse fir Jonker an Elteren am Shoppingzenter op der Cloche d’Or gezielt. Et ass fir déi néngte Kéier, datt déi Foire wärend der Fuesvakanz vum Service national de la jeunesse (SNJ) a vum Jugendinfopunkt Esch (JIP) organiséiert gëtt.

Infobourse fir Jonker an Elteren / Reportage Marlène Clement

Ronn 1.000 Visiteuren op der Infobourse fir Jonker an Elteren
D’Foire “Deng Zukunft – Däi Wee” gouf vum Service national de la jeunesse (SNJ) a vum Jugendinfopunkt Esch (JIP) organiséiert.

De ganzen Dag iwwer konnte Jonker sech mat hiren Elteren op iwwer 50 Stänn iwwer allméiglech Beruffer, Stagen a Formatiounen informéieren. Zil wier et, deene Jonken een éischten an och ee perséinleche Kontakt mat der Aarbechtswelt ze erméiglechen, erkläert d’Directrice adjointe vum SNJ Nathalie Schirtz.

“An dofir hate mer d’Iddi, ze soen, et gëtt eng Foire, wou en esouwuel Informatioune kritt zu Formatiounen, zu Studentenjobs, awer och zum Engagement, wann ech wëll ee Service volontaire maachen, wou ech awer och scho ka Kontakter mat der Aarbechtswelt kréien, Patronen, déi vläicht ee rekrutéieren, fir eng Léier ze maachen, oder och Leit sichen, fir ee Studentenjob an der Vakanz ze maachen.”

An déi Iddi schéngt bei deene Jonke gutt unzekommen. D’Motivatioun wier grouss, fënnt d’Nathalie Schirtz.

“Et ass eis néngt Editioun a mir hu vu Joer zu Joer méi Visiteuren. Wat awer och ee flotte Message ass, fir ze soen, déi Jonk si motivéiert, si komme sech informéieren a si stinn an der Vakanz och nach fréi op.”

Verschiddener ginn haut och scho mat méi oder manner konkreten Iddien heem.

Deene Jonke verschidde Beruffer méi no bréngen, dat ass och d’Zil vun der Campagne Healthcareers vum Gesondheetsministère. Verschidde Gesondheetsberuffer wieren extrem spannend, se wieren awer absolutt net bekannt, erkläert d’Sneja Dobrosavljevic vun healthcareers.lu.

“Wéi zum Beispill ATM de Radiologie oder ATM de Chirurgie. An dat ass ebe ganz wichteg, datt déi ebe vill méi no baussen zum Virschäin kommen.”

Wichteg an och noutwenneg. Grad am Gesondheetssecteur ginn nämlech bekanntlech vill nei Talenter gesicht. D’Infobourse ass also net nëmme fir Jonker eng Geleeënheet, a Kontakt ze komme mat der Beruffswelt, mä erlaabt et och ëmgedréint deenen, déi rekrutéieren, nei Talenter z’entdecken a vläicht vu sech ze iwwerzeegen.

PDF: D'Schreiwes vum Educatiounsministère

Back to Top
CIM LOGO