
Eng 24.250 Tonne Plastik-Offäll ginn an der Moyenne pro Joer vum Grand-Duché an aner Länner exportéiert, fir do recycléiert ze ginn. Dorënner falen déi dräi Lëtzebuerger Nopeschlänner, Italien an Holland, woubäi mat 11.195 Tonne Plastik am meeschten an Däitschland exportéiert gëtt a mat 17 Tonnen am mannsten an Italien.
Domat respektéiert Lëtzebuerg eng rezent EU-Decisioun, fir kee Plastik baussent den 38 OECD-Memberlänner ze exportéieren, wou de Risk besteet, datt de Plastik vergruewen oder verbrannt gëtt, ouni nees nei verwäert ze ginn. Et ginn awer keng Donnéeën, ob net Plastik vu Recycling-Firmen an esou Länner re-exportéiert gëtt.
Dës Informatioune liwwert den Ëmweltminister Serge Wilmes op eng parlamentaresch Fro vum LSAP-Duo Delcourt an Di Bartolomeo. Iwwert d’Joer gekuckt, ginn eng 14.000 Tonne Plastik-Emballagen an de Valorlux-Tute gesammelt. Dat mécht eng 21 Kilo Plastik-Offall pro Awunner aus. Wann ee global all Verpackungsoffall arechent, fale bal 100 Kilo pro Awunner d’Joer un.