Am Ettelbrécker DäichRonn 250 Parkplaze verschwannen

Marc Hoscheid
Wou fréier Auto stationéiert goufen, soll et an Zukunft méi gréng ginn.
© Marc Hoscheid

Wien an deene leschte Wochen zu Ettelbréck an den Däichwisen ënnerwee war, deem dierft opgefall sinn, datt virun der Däichhal d’Baggere rullen. D’Rasengitter, dat bis elo do um Buedem louch, gouf erausgerappt. Dat awer net, fir deen Deel vum Parking anescht ze amenagéieren, mee fir en zu enger Gréngfläch mat Beem ze maachen. Et si ronn 300 Plazen, déi duerch d’Aarbechten aktuell net méi accessibel sinn, ongeféier 50 sollen der awer rëm zeréckkommen. Dat huet den 1. Ettelbrécker Schäffe Jean-Paul Schaaf RTL op Nofro hin erkläert.

De Projet hat d’Gemeng Ettelbréck am Kader vum Appel à projets “Méi Natur an eise Stied an Dierfer”, dee vun Dezember 2022 bis Mäerz 2023 gelaf ass, eragereecht an e gouf nieft véier weidere vum Ëmweltministère zeréckbehalen. E gëtt dann och vum Staat an esouguer vun der Europäescher Unioun subventionéiert. Déi zousätzlech Gréngfläche sollen ënnert anerem dozou bäidroen, datt d’Hëtzt am Summer net ze extrem an d’Biodiversitéit méi grouss gëtt

© Marc Hoscheid

Et hätt ee virdrun awer préiwe gelooss, wéi et mat der Auslaaschtung vum Parking am Däich ausgesäit. Dobäi hätt sech erausgestallt, datt een zu all Moment, esouguer wann d’Kiermes do organiséiert gëtt, mat de Plazen erauskënnt. Well déi Plazen, déi elo virun der Däichhal verschwannen, 20 Cent pro Stonn kascht hunn, huet een de Präis vun de Parkplazen um Niveau minus 1 vum Parkhaus no ënnen ugepasst. D’Parkhaus géing et iwwerhaapt och réischt erlaben, datt een op d’Plaze virun der Däichhal verzichte kann.

Back to Top
CIM LOGO