
Wéi d’Police mellt, hätten d’Leit an de meeschte Fäll ze vill gedronk an d’Situatioun hätt nach kënnen op der Plaz berouegt ginn.
An engem Fall hat sech e Mann awer net vun de Beamte berouege gelooss. Kuerz virun 20 Auer waren d’Polizisten op de Boulevard de la Foire an der Stad geruff ginn, well do e Mann, deen ze vill gedronk hat, Automobilisten a Passante belästegt huet. Well hie sech awer weider de Batti gestallt huet an eng Gefor fir Anerer duergestallt huet, gouf de Mann fir d’Nuecht mat op de Policebüro geholl.