An d’Waardelëscht ass laang. Den Ament waart ee Patient an der Moyenne ronn 1 Joer op seng OP. Ënnert anerem och well een no der éischter Consultatioun fir d’éischt emol eng Reflexiounszäit vu 16 Wochen huet.
Déi ass awer och néideg, och wann net onbedéngt esou laang, mengt den Urolog Dr. Roller. “Et ass dofir geduecht, datt de Patient, nodeems hien een éischt Gespréich mam Dokter hat, wou hien d’ Prozedur erkläert kritt huet, Zäit huet, fir sech et nach eng Kéier ze iwwerleeën. Allerdéngs hunn déi meeschte Patiente scho missten eng Rei Méint op den 1. Rendez-vous waarden, a wësse meeschtens scho genau, wat op si wäert duerkommen, esou datt si eigentlech net vill mussen iwwerleeën an hir Meenung an der Reegel och net méi änneren.”
D’Decisioun ni méi, oder iwwerhaapt, op natierlechem Wee Kanner ze maachen, soll laut dem Medezinner awer net op déi liicht Schëller geholl ginn. Et géif villäicht net dacks, mee awer och duerchaus virkommen, datt een Dokter eng Vasektomie refuséiert, well hien der Meenung ass, datt de Patient sech der Saach net richteg bewosst ass.
Eng Vasektomie gëllt nämlech als definitiv, well net garantéiert ass, datt se réckgängeg gemaach ka ginn. Mee wat sinn eigentlech d’Alternativen dozou? Ganz einfach: De Kondom. Am Géigendeel zur Vasektomie kascht dësen zwar eppes, en irreversibelt Verhütungsmëttel ass et awer net.
Een Temoignage an Erklärungen, wat genau bei enger Vasektomie geschitt, wat d’Risike sinn an ob duerno nach alles d’selwecht funktionéiert wéi virdrun, gesitt dir am Reportage uewen driwwer.
Méi Informatiounen zu Verhütungsmëttel fannt dir op www.macontraception.lu