Vum Schüleraustausch bis zum TrailRoots and Leaves fleegt Relatiounen tëscht Lëtzebuerg an den USA

Marc Hoscheid
Zanter ville Jore setzt sech d'Associatioun dofir an, datt d'Geschicht vun de Lëtzebuerger, déi an d'USA ausgewandert sinn, net vergiess gëtt.
Reportage Roots and Leaves
Reportage Roots and Leaves

D’Nouvelle, datt den demokratesche Kandidat fir de Poste vum US-Vizepresident, Tim Walz, Lëtzebuerger Originnen huet, ass am Grand-Duché op groussen Interessi gestouss. Schonn zanter ville Jore setzt sech d’Associatioun Roots and Leaves dofir an, datt d’Geschicht vun de Lëtzebuerger, déi an d’USA ausgewandert sinn, net vergiess gëtt. Fir dat ze areechen, gëtt ënnert anerem zanter véier Joer ee Schüleraustausch tëscht deenen zwee Länner organiséiert. Ma et ginn och kulturell Projeten an den USA realiséiert.

Mëttlerweil sinn déi grouss Büne vun der US-Politik dem Tim Walz säin doheem. Seng Virfare koumen iwwerdeems ënnert anerem vu Kielen. Si sinn, wéi ronn 50.000 aner Lëtzebuerger, am 19. Joerhonnert an d’Vereenegt Staaten ausgewandert. Vill vun hinnen huet et an de Wisconsin verschloen. An der Uertschaft Belgium steet zanter 2010 de Roots and Leaves Museum, dee vun der Roots and Leaves Association an der Luxembourg American Cultural Society gegrënnt gouf an d’Geschicht vun de Lëtzebuerger Auswanderer erzielt. Fir dës och deene Jonke méi no ze bréngen, huet een am Lënster Lycée viru véier Joer mat engem Schüleraustausch ugefaangen. Dobäi gëtt Wäert dorobber geluecht, nieft de Schoulen och aner Acteuren anzebannen.

Marc Zimer (Physik-Professer a Member vu Roots and Leaves)
Dat sinn oft och Associatiounen, déi se gegrënnt hunn, fir déi Kultur do an hier Hierkonft weiderzeféieren. Déi Associatiounen hëllefe bei deem Austausch, Unien, déi an der Noperschaft oder an deem Uert do sinn, hëllefen och, well déi Erfarung mat auslännesche Schüler hunn. An dann ass et natierlech och sou, datt mer probéieren, déi verschidde Gemengen a Gemengeverwaltungen mat ze involvéieren, fir datt déi ganz Gemeinschaft vun deem Austausch ka profitéieren.

Mëttlerweil maache ronn zéng Schoulen op béide Säite mat. Eleng am Lënster Lycée wieren aktuell 80 bis 90 Schüler interesséiert. Fir déi Jonk soll d’Participatioun och eng Belounung fir gutt Behuelen a schoulesch Leeschtunge sinn.

Ee weidere Projet ass een Trail am Oste vum Wisconsin an der Géigend vum Lake Michigan, dee sech mam architektoneschen Héritage vun de Lëtzebuerger an den USA beschäftegt.

Fréier, wéi déi Lëtzebuerger ausgewandert sinn, hu se natierlech hier Aart, wéi se Haiser bauen, matgeholl. Dat heescht do sinn Haiser am Steen opgebaut ginn, et gëtt där nach ee ganze Koup, déi sinn deelweis an engem gudden Zoustand, deelweis an engem manner gudden Zoustand. Mir sinn am gaangen, een Tour mam Auto ze organiséieren, wou een déi Haiser ka kucken, et kritt een Informatiounen wat wéi eng Lëtzebuerger Famill déi opgebaut huet oder doranner wunnt. Do gesäit ee Fotoen an déi ganz Geschicht vun deenen Haiser gëtt do opgerullt.

D’Nouvelle, datt den Tim Walz Lëtzebuerger Originnen huet, kéint ee bestëmmt notzen. Et wier een interessante Personnage, dee jo och als Schoulmeeschter an der High School geschafft an als Football-Coach aktiv gewiescht wier. Ma och ouni Lëtzebuerger als US-Vizepresident wäert ee sech bei Roots and Leaves weider fir d’Erënnerung un d’Lëtzebuerger Auswanderer asetzen.

Back to Top
CIM LOGO