Mediepräis vun Amnesty InternationalRosa Clemente, Ricardo Rodrigues a Jang Kapgen ausgezeechent

RTL Lëtzebuerg
E Freideg gouf fir déi aachte Kéier zu Lëtzebuerg de Mediepräis vun Amnesty International ausgezeechent.
© RTL

Mediepräis vun Amnesty International / Dany Rasqué

D’RTL-Journalistin Rosa Clemente gewënnt de Präis fir dee beschten audiovisuelle Bäitrag. Dat fir e Reportage, an deem si Fraen zu Wuert komme gelooss huet, déi erzielt hunn, wéi et ass, zu Lëtzebuerg an d’Drogesucht ze falen.

Hir wier et net just an dësem Reportage, mä allgemeng wichteg, bei hirer Aarbecht Mënschen eng Stëmm ze ginn, déi um Bord vun der Gesellschaft stinn:

“Et ass mir wichteg, datt ech no bausse weisen, datt Leit, deenen et manner gutt geet, déi a schlechte Situatioune sinn, datt dat och Mënsche sinn. Mir fält op, datt mer an eisem Alldag net op si kucken oder ewechkucken. A mengem Reportage goung et ëm vulnerabel Fraen, déi et ganz ganz schwéier hunn a genee dat wollt ech weisen.”

De Reportage vum Rosa Clemente

"Et ass méi einfach sech ze prostituéieren, wéi ze heeschen"
Zwou betraffe Fraen erziele wéi et ass, zu Lëtzebuerg an d’Drogen-Sucht ze rutschen.

De Ricardo Rodrigues hat en Artikel iwwert d’Heescheverbuet an der Stad geschriwwen. Hien huet do d’Geschicht vu Leit erzielt, déi a sengen Ae probéiert ginn, onsiichtbar ze maachen:

“Amplaz d’Aarmut ze bekämpfen, ginn déi Aarm attackéiert oder ech hunn d’Impressioun, datt et esou ass. Mäin Zil war et, erëm e bëssen de Glawen an d’Mënschheet hierzestellen, d’Geschichte vun deene Leit z’erzielen, déi mir probéieren onsiichtbar ze maachen.”

De Jang Kapgen gouf da fir säin Artikel iwwert d’LGBTPlus-Communautéit an der Ukrain mam Coup de coeur vun der Jury geéiert. Den Affekot a fréiere President vun Amnesty Lëtzebuerg Fränk Wies, war Member vum Jury an explizéiert, firwat de Choix op dësen Artikel gefall ass:

“Wat wichteg fir eis war, dat ass, datt en Aspekt vum Krich an der Ukrain do beliicht ginn ass. Vun enger Minoritéit, der LGTBPlus-Communautéit, déi souwisou schonn diskriminéiert ass, a wou de Krich d’Situatioun nach vill méi schlëmm mécht.”

De Mediepräis vun Amnesty gëtt et zu Lëtzebuerg zënter 2016. E soll ënnert anerem d’Journalistinnen an d’Journalisten encouragéieren, an hirer Aarbecht weider op Mëssstänn an op Situatiounen, wou d’Mënscherechter net respektéiert ginn, hinzeweisen.

Back to Top
CIM LOGO