
Ee Petitionär fuerdert, datt déi Partie, déi viru Geriicht verléiere sollt, all d’Chargë vum Prozess sollt iwwerhuelen. Dat wier, esou de Petitionär, fir de méi vulnerabele Leit d’Méiglechkeet ze ginn, fir viru Geriicht ze zéien. En anere Petionär fuerdert, datt d’Summervakanz vun 8 op 6 Wochen erofgesat gëtt, well d’Kannerbetreiung am Summer net garantéiert ass.
Eng Diskussioun, déi et hei am Land scho méi laang gëtt, gëtt elo als Petitioun opgelëscht: de Roude Léiw soll den Nationalfändel vum Grand-Duché ginn. A well vill Leit sech et net leeschte kënnen, fir verschidde Gesondheetsservicer an Usproch ze huelen, missten déi fest Delaie vun der CNS iwwerschafft ginn, wat d’Erneiere vu Brëller an Zännprothese betrëfft.
Bleiwe mer bei der CNS: E Petitionär fuerdert, datt eng rezent Mesure nees réckgängeg gemaach gëtt an datt d’Büroen uechtert d’Land erëm opginn. Weider ass et d’Fuerderung, datt d’Beaarbechtungszäit vun der Krankekeess sech verbessert. Net réckgängeg mä nei analyséiert misst d’Lëscht vun de Lëschtenhënn ginn. D’Petitionärin fuerdert, datt hei net d’Rasse misste consideréiert ginn, mä d’Behuelen.
Fir de Jonken ze hëllefen, misst een déi sozial Infrastrukturen am Land verbesseren, esou eng weider Petitioun. Fir d’Kanner an hir Rechter besser ze schützen, esou eng weider Petitioun, muss d’Politik reagéieren, fir datt de “Conflit de loyauté”, also wann e Kand d’Gefill kritt, sech tëscht fir hie wichtegen Erwuessenen mussen ze decidéieren, net weider hei am Land abuséiert gëtt.
Ëffentlech n°3367: Imposer à la partie condamnée dans un litige la prise en charge de la totalité des frais de justice au profit de la partie ayant obtenu gain de cause.
Ëffentlech n°3360: Reduzierung der Sommerferien auf 6 Wochen - Reduction of summer holidays to 6 weeks - Réduction des vacances d’été à 6 semaines
Ëffentlech n°3353: “Pour l’adoption officielle du Roude Léiw comme drapeau national du Luxembourg”
Ëffentlech n°3350: Reduire les délais fixés , pour le renouvellement des lunettes et prothèses dentaires
Ëffentlech n°3348: Renforcer les infrastructures sociales afin de mieux protéger et autonomiser les jeunes au Luxembourg
Ëffentlech n°3346: Révision de la loi sur les chiens de liste : évaluation basée sur le comportement plutôt que sur la race!
Ëffentlech n°3326: “Protégeons nos enfants : Ensemble contre l’abus du concept de conflit de loyauté”
Ëffentlech n°3308: Wiedereröffnung der CNS Anlaufstellen und Verbesserung der Bearbeitungszeiten
All d’Petitioune fannt Dir um Petitiounssite oder dem Site vun der Chamber.