Mir engagéieren!RTL sicht Iwwersetzer fir d'Ënnertitele vum Tëleesprogramm

RTL Lëtzebuerg
Fir de Journal vun der Tëlee ze ënnertitelen, sicht RTL Verstäerkung fir d'Ekipp vun de Freelance-Traducteuren.

RTL sicht zwee Iwwersetzer, fir de Journal vum Lëtzebuergeschen an d’Franséischt ze iwwersetzen an d’Emissioun ze ënnertitelen.

Wéi e Profil siche mer?

  • Dir hutt am Idealfall Studien am Beräich vun der Traductioun oder vun de Friemsprooche gemaach
  • Dir sidd ganz gutt am Lëtzebuergeschen a Franséischen
  • Dir hutt gutt Kenntnisser am Däitschen
  • Dir sidd bereet, och heiansdo um Weekend an op Feierdeeg ze schaffen
  • Dir sidd direkt disponibel

Wat bidde mer Iech un?

  • Dir kritt e Freelance-Kontrakt mat RTL
  • Dir schafft vu 16 Auer bis nom Journal, ongeféier bis 20:30 Auer
  • Dir kritt 6 bis 7 Asätz pro Mount
  • Dir gitt an der RTL-City forméiert an hutt d’Méiglechkeet, fir no der Formatioun am Homeoffice ze schaffen

Dir fillt Iech ugesprach?

Da fëllt eise Formulaire aus an hänkt Ären CV an Är Lettre de motivation mat drun. Klickt hei fir de Formulaire.

Back to Top
CIM LOGO