Accident op der A3Rulott no Accident komplett ausernee gefuer an op Autobunn verdeelt

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police op Nofro hi matdeelt, koum et op der A3 Richtung Stad, op der Héicht vu Léiweng zu engem Accident mat 3 Autoen an enger Roulotte.
© Domingos Oliveira

Geschitt ass den Accident um Freideg géint 12.10 Auer.

Déi riets Spuer an d’Pannespuer waren nom Accident blockéiert. Doduerch koum et zu engem zolitte Stau, deen deelweis bis zu 7 Kilometer laang war.

D’Police deelt mat, dass eng Persoun mat der Ambulanz an d’Spidol gefouert gouf.

Back to Top
CIM LOGO