Wéinst sanktionéiertem VerméigenRusseschen Oligarch fuerdert Schuedenersaz vu Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
Engem Mediebericht vun der Moskauer Zeitung "Wedomosti" no wëll de russeschen Oligarch Michail Fridman d'Lëtzebuerger Regierung verkloen.
© POOL/AFP/Archiv/Pavel Golovkin

Den Dedommagement, deen de Matbegrënner vun der russescher Alfa Group fuerdert, soll bei 15,8 Milliarden Dollar leien - ëmgerechent eng 14,6 Milliarden Euro. Wéi ënnert anerem den däitsche “Spiegel” mellt, hätt de Fridman Lëtzebuerg fir d’Éischt de Virschlag gemaach, d’Zomm am Kader vun engem “Accord à l’amiable” als Entschiedegung ze bezuelen. Anescht géif een op d’Geriicht goen.

De Fridman argumentéiert mat engem Ofkommes fir de Schutz vun Investitiounen, dat 1989 tëscht Lëtzebuerg, der Belsch an der Sowjetunioun geschloss gouf. D’Affekote vum Oligarch sollen d’Fuerderung no Dedommagementer schonn am Februar iwwermëttelt hunn. Si hätte bis elo awer nach keng Äntwert dorop kritt.

Am Kader vun den EU-Sanktiounen, déi géint de Michail Fridman a säi Geschäftspartner Pjotr Awen erlooss goufen, hat Lëtzebuerg dem Oligarch säi Verméigen agefruer. E Lëtzebuerger Geriicht hat am Abrëll allerdéngs d’Sanktiounsdecisioun géint de Fridman nees gekippt, well d’Virwërf géint de Russ net genuch gerechtfäerdegt gi wieren. Géint d’Urteel kann awer nach emol an Appell gaange ginn.

Back to Top
CIM LOGO