
De Vol vun der Ryanair FR3938 hat Freideg um 10 Auer de Fluchhafen zu Bologna verlooss a Richtung Charleroi.
D’Maschinn vum Typ B738 mat 168 Leit u Bord ass um 11.30 Auer um Findel gelant. Well den Check vum Fliger no der Source vum Dampgeroch eng Zäit géing daueren, kruten d’Passagéier ee Bus zur Verfügung gestallt, fir hir Destinatioun ze erreechen. Am spéide Freidegowend konnt de Ryanair-Fliger dunn och nees vum Findel aus starten.
De CEO vu LuxAirport Alexander Flassak confirméiert dës Ëmleedung vum Vol op de Findel géintiwwer RTL. Sécherheet géing virgoen. Et wier net zu engem Pompjeesasaz komm.