No technescher PannS-Net Mobile an Desktop erëm accessibel

RTL Lëtzebuerg
D'Spuerkeess mellt en Donneschdeg géint 15.20 Auer, datt den Online-Banking erëm iwwer den Handy an de Computer accessibel sinn.
© RTL Archiv

Wéi d’Bank an engem Communiqué en Donneschdeg am Nomëtteg matdeelt, kéint et awer weiderhin zu Perturbatioune kommen.

D’BCEE hat an engem Communiqué en Donneschdeg de Moie gemellt, dass et bei der Bank zu enger technescher Pann komm war. Betraff war den Online-Banking.

Wann een op de Site gaange war, respektiv op seng App, krut een och direkt e Message ugewisen, deen d’Clienten drop opmierksam gemaach hat, dass de Service dee Moment net goung. Wéi et en Donneschdeg de Moie säitens der Spuerkeess op eis Nofro hin geheescht hat, hat et wuel Problemer bei Maintenance-Aarbechten.

D’Spuerkeess hat dann och rappelléiert, datt d’Agencë selwer natierlech op war, hei kéint ee sech och mellen, wann een dréngend Froen hätt. Och d’Kreditkaarten an d’Geldautomate stoungen de Clientë weiderhin zur Dispositioun.

© BCEE

Back to Top
CIM LOGO