
Ënner anerem gouf e Mëttwoch den Owend an Auto agebrach, deen um Boulevard Paul Eyschen um Lampertsbierg geparkt war. D’Brigangen hunn eng Auer, Suen a Kopfhörer geklaut.
An der Nuecht op en Donneschdeg gouf et dann en Abroch an en Auto, deen zu Maarnech an der Schwaarzenhiwwelstrooss stoung. Hei goufe Suen an eng Bancomatskaart geklaut.
A béide Fäll gouf eng Enquête an d’Weeër geleet.