
De Motocyclist war gefall a gouf blesséiert. Den Escher Samu war op der Plaz. Méi fréi, schonns um 17.45 Auer sinn op der RN06 tëscht Stroossen a Bartreng zwee Autoen accidentéiert. Hei gouf eng Persoun blesséiert. Eng weider verwonnt Persoun gouf et géint 19 Auer bei engem Accident mat zwee Gefierer zu Elleng.