
Nieft der Ambulanz vu Wolz war hei och de Samu vun Ettelbréck am Asaz.
Scho kuerz no 17 Auer war bei enger Kollisioun tëscht e puer Autoen op der A6 an Direktioun Arel eng Persoun blesséiert ginn.
Géint 1.45 Auer e Freideg de Moien war dann zu Habscht an der Rue de Steinfort en Auto an e Bam gerannt. Och hei war eng Persoun blesséiert ginn.
Kuerz virun 8 Auer e Freideg de Moien gouf eng Persoun blesséiert, ewéi si an der Rue de Hussigny zu Déifferdeng vun engem Auto ugestouss gouf.
Wéi de CGDIS e Freideg am Nomëtteg nach mellt, hat et nach kuerz viru 15 Auer gerabbelt. Op der N12 tëscht Bur an Tënten hate sech 2 Ween ze pake kritt. Eng Persoun gouf verwonnt.
Géint 16.20 war et eng weider Kollisioun tëscht 2 Gefierer och op der N12, awer tëscht Schweebech a Sëll. An och hei ass ee Blesséierte ze bekloen.