Op eise StroossenSamusdokter bei Accident bei Réimech am Asaz, Accident zu Schëffleng

RTL Lëtzebuerg
Am Lokale mellt de CGDIS ee Blesséierten e Sonndeg den Owend kuerz virun 22.30 Auer.
© Pierre Weimerskirch

Tëscht der Ellenger Gare a Réimech war en Auto vun der Strooss ofkomm an an e Bam gerannt. Den Escher Samusdokter war niewent de Secouriste vu Réimech a Munneref op der Plaz.

D’Ekippen aus der Stad waren dann zwee Mol am Asaz, eng Kéier well an der Tréierer Strooss en Auto an e Potto gerannt war an eng weider Kéier, wéi sech zwee Ween op der Stäreplaz ze pake kruten. Genau wéi och bei enger Chutte vun engem Motocyclist tëscht der Rossmillen an der Hollermillen, wou d’Ekippe vun Ëlwen a Wäiswampech am Asaz waren, blouf et an dëse Fäll beim Materialschued, esou de CGDIS an hirem Bulletin.

Zwee Blesséierter mellt de CGDIS dann e Méindeg de Moien op eise Stroossen. Op der A6 Direktioun Stad ass en Auto an d’Leitplank gerannt an eng Persoun ass verwonnt ginn. Zu Schëffleng sinn en Auto an eng Camionnette anenee gerannt. Och hei gouf et ee Blesséierten.

Back to Top
CIM LOGO