De 26. Januar dëst Joer – kuerz no Hallefnuecht – huet d’Gemeng, also d’Gemengenhaus, zu Jonglënster gebrannt. 36 Stonnen huet et gedauert, bis d’Feier geläscht war. D’Brandursaach ass an der Tëschenzäit gewosst, mä d’Aarbechte schleefen. D’Carine Lemmer huet sech mam Buergermeeschter vu Lënster ënnerhalen.
Dräi Gebaier vun der Gemeng si sou wäit et geet “entkäert”, seet de Buergermeeschter Ben Ries. D’Prozedure mat den Assurancë si komplizéiert an d’Aarbechten zéie sech.
“Dat ass natierlech net gutt fir d’Gebai. D’Gebai ass net zu 100% zou, et ass provisoresch zougemaach ginn. Mir hate vill Reen, et ass och Reen eragelaf. Dat heescht, d’Schied an d’Degradatioun vun deem Gebai ginn eigentlech progressiv virun.”
Dowéinst wëll ee méi séier mat der Renovatioun an dem Neiopbau viru kommen. D’Assurancen hu relativ séier eng Millioun Euro virgestreckt. De Chantier selwer ass komplex. D’Gebaier musse ganz ënnerschiddlech renovéiert ginn. Am hënneschten Deel hat et net gebrannt, mä wéinst der Fiichtegkeet huet och de Sevice technique misse plënneren. Dat an d’Laangwiss a Büroen. Hoffentlech just bis Enn des Joers, sou de Ben Ries.
“Well mer dann der Meenung sinn, dass mer dat Gebai vum Service Technique nees um Lafen hunn, do wou de Pilz dran ass. Dat misste mer eigentlech elo relativ kuerzfristeg kënnen esou a Stand setzen, dass mer do kënnen Enn des Joers zréck.”
Enn des Joers respektiv Ugangs d’nächst Joer kéint also nees en Deel vun der Gemeng benotzt ginn. Wéini rechent de Buergermeeschter dermat, datt alles nees opgebaut ass?
“Et passt ee seng Hoffnunge jo awer dem Realismus e bëssen un. Also ech schätzen, dass mer awer trotzdeem am Laf vun 2028 spéitstens kënnen do ran.”
2028 wär also déi nei sanéiert Gemeng fäerdeg. Sou laang sinn d’Servicer vun der Gemeng an engem neie Bürosgebai um Lënster Bierg. Et war Chance a Viraarbecht, well u sech sollt dohinner de “Office social” kommen. Déi mussen elo mat Containeren iwwerbrécken.
Am Januar war d’Feier am Kontext vu Renovatiounsaarbechten ausgebrach. Wéi eng Firma souzesoe “Schold” war, ass an der Tëschenzäit gewosst. Dowéinst solle fir d’Sanéierung keng Steiergelder benotzt ginn.
“Do hu mer och Réckfro gehale mat engem Affekot, deen ons do och Recht ginn huet, dass prinzipiell et misst eigentlech esou sinn, dass wa mir net an der Schold sinn, misste mer eigentlech dat Gebai esou kënnen zréckbauen, ouni dass mer mussen zousätzlech Gelder engagéieren.”
Sou baue wéi viru Jore geet haut natierlech net méi. Et gëllen aner Reegelen. Ob d’Assurance och déi zousätzlech Käschten iwwerhëlt, dat gëtt nach verhandelt.

RTL-News: E Bléck an dat verbrannte Gemengegebai vu Jonglënster