Geschweesst, gehummert, geschlaff – et gëtt fläisseg geschafft zu Mondorf, heifir bei Bonn an Däitschland. D’Lux-Werft ass spezialiséiert op Schëffbau. Vun hei kommen och déi beléiftste Lëtzebuerger Schëffer, déi ee vun der Musel kennt.
Et ass och hei, wou d‘Marie-Astrid II, e Stéck Lëtzebuerger Geschicht – den Ament - sanéiert gëtt. Héich Zäit, fënnt och de Schengener Buergermeeschter, Michel Gloden a weist sech begeeschtert vun den Aarbechten:
“Op der Marie-Astrid wäert eng Ausstellung sinn. De Raum, wou d‘Ënnerschrëft war, wäert och weiderhin accessibel bleiwen. Et ass grad déi Plaz, wann d‘Leit op Schenge kommen, déi d‘Leit wëlle gesinn. Mir gi permanent gefrot, wou dann den Accord ënnerschriwwe gouf. An Zukunft kënne mer dat dann och weisen.”
D’Marie-Astrid wäert integrale Bestanddeel vum Schenger Musée ginn. Dësen ass aktuell zou a gëtt – parallel zum Schëff – frëschgemaach a moderniséiert.
D‘Marie-Astrid ass am Fong dat 2. Schëff ënnert deem Numm, dat op der Musel ënnerwee war. Am Abrëll 1985 zu Lëtzebuerg a Betrib geholl, gëtt zwee Méint méi spéit genee hei de Schengener Accord ënnerschriwwen.
De 14. Juni treffe sech de Grand-Duché, Däitschland, d‘Belsch, Frankräich an Holland zu Schengen. De Start vun engem neie Kapitel, dat weeder beim Public nach an der Politik ze vill eescht geholl gëtt. D‘Ausseministere schécken hir Nummer 2 fir d‘Ënnerschrëft. Ma aus dem Schengener Accord gëtt séier eng “Success Story“: D‘Leit hunn es sat, fir Näischt op de Grenzen ugehalen ze ginn.
Entretemps steet iwwregens schonn déi 5. Marie-Astrid zu Gréiwemaacher. 1993 gëtt dat zweet historescht Schëff vun der Rössler-Linn um Rhäin verkaf. Kuerz drop ass d‘Schëff ënnert dem Numm “MS Regensburg” mat Touristen op der Donau ënnerwee. Vun 2021 un ass et net méi am Gebrauch a läit dréchen um Port vu Mondorf-am-Rhein, bei Bonn. Vum 14. Juni d‘nächst Joer u soll d’Schëff prett zu Schengen um Quai stoen. Gréisstendeels, well et soll och - tëschenduerch emol - op den Tour goen, erkläert de Minister fir Tourismus, Lex Delles:
“Fir eebe grad de Gedanke vu Schengen, de Gedanke vun Europa an d‘Welt erauszebréngen. Do kann ee sech virstellen, datt et an Däitschland oder Frankräich fiert. Och mat senger aktueller Ausstellung. De Schengenaccord ass ee vun de wichtegsten Accorden, deen et gëtt. Grad an dësen Zäite vu Grenzkontrollen. Et gëllt, en Zeechen ze setzen. Besonnesch zu Schengen selwer.”
D‘Schëff krut komplett de Lack erofgeholl, krut eng nei Isolatioun an en neie Buedem. Nei Fënstere sollen déi nächst Wochen och agebaut ginn. De fäerdege Look gëtt awer deen aus den 80er. Zu de Spëtzenzäite schaffe bis zu 25 Persoune gläichzäiteg um Schëff, esou de Jeroen Grewel, Responsabele fir de Projet bei Lux-Werft: “Wir haben wirklich bis auf den Stahlbau wirklich alles erstmal entkernt. Dann neue Lackschichten aufgebaut, Stahlumbauten. Der ganze Antrieb ist ersetzt worden. Das Schiff wird jetzt rein elektrisch. Was noch ansteht, ist der Innenausbau. Das heisst die ganze Innenverkleidung kommt jetzt als nächstes. Und dann ist es bald schon fertig hier.”
Iwwer 30.000 Schaffstonne ginn an d‘Sanéierung investéiert, bis, datt d'“Prinzessin Marie-Astrid Europa“ dann am Juni d‘nächst Joer – iwwer d‘Waasser - an dräi Deeg nees soll zu Lëtzebuerg ukommen.
Visitt um Schantjen an Däitschland: “Prinzessin Marie-Astrid Europa” will be back...