Lëtzebuerger BëscherSchied weisen eng Iwwerpopulatioun vum Wëld

RTL Lëtzebuerg
Virun allem 2019 an 2020 louchen d'Indemnitéiten, déi wéinst de Schied bezuelt goufen, däitlech iwwert der Moyenne.

Datt et aktuell um Flouer an an de Bëscher eng Iwwerpopulatioun vu Wëld gëtt, weist de Schued aus, deen d’Baueren an d’Proprietäre vun de Bëscher mussen aktéieren. Och d’Zomme vun den Indemnitéiten, déi wéinst Wëldschued bezuelt ginn, waren a leschter Zäit éischter héich. Wärend d’Moyennen tëscht 2011 an 2022 bei ronn 446.000 Euro louchen, waren et 2019 780.000 Euro an 2020 560.000 Euro. 2022 louche se mat 390.000 Euro nees liicht ënnert der Moyenne

D’Jeeër sinn deemno gehalen, fir de Wëldbestand am Grëff ze halen, sief dat iwwer d’Juegd um Hochsitz, d’Klappjuegd, duerch d’Schéisse mat Nuets-Objektiver oder d’Juegd mat hallef-automatesche Gewierer.

Dës Donnéeë liwwert den Ëmweltminister Wilmes op eng parlamentaresch Fro vun den DP-Deputéierten Arendt a Graas.

Back to Top
CIM LOGO