Journées du patrimoineSchieren a seng gutt erhale Réimervilla

Monique Kater
Zënter Jore leien an der Gemeng Schieren wäiss Baaschen iwwer engem Ausgruewungssite mat Iwwerreschter vun enger Villa aus der Réimerzäit.
Schieren a seng gutt erhale Réimervilla
An Zukunft soll de Site och fir de Public accessibel ginn, wann et dem Kulturminister no geet.

Elo de Weekend war de Site op, dat am Kader vun de journées européennes du patrimoine. Bei dëser Réimervilla handelt et sech, den Experte no, ëm eng, an der Groussregioun, eenzegaarteg Decouverte, déi an e puer Joer fir d’Allgemengheet soll accessibel ginn.

Schieren a seng gutt erhale Réimervilla: E Reportage vum Dany Rasqué

Exzeptionell gutt erhale Wandmolereien

Et ass e Site, deen direkt duerch e puer Aspekter an d’A stécht: d’Architektur vum Haaptdeel vun der Villa, also d’Maueren, d’Biedem sinn exzeptionell gutt erhalen. An dann nach méi exzeptionell: d’Dekoratioun, méi genee d’Molerei un deene Maueren ass vun engem reegelrechte Kënschtler an der Matière realiséiert ginn. A säi Wierk ass deels nach a sengem Originalzoustand ze bewonneren!

De Proprietär vun dësem Landsëtz muss sech gutt gestanen hunn a wuel zu Tréier op enger héijer politescher Positioun gewiescht sinn. Esou eng Villa war deier am Ënnerhalt, sou d’Spezialisten, déi och e klengt Stéck Mosaik fonnt hunn. De Réimer muss also e Faible fir Plättercher gehat hunn.

D’Villa huet eng Kéier gebrannt, och dat hunn d’Archeologen erausfonnt. Mee eng méi brutal Zerstéierung, sou wéi zu Viichten, gouf et hei net. Nodeems d’Réimer fort waren, gouf et op dëser Plaz keng nei Siidlunge méi, och keng Terrassementer.

De Site gouf wärend der Gruewung “kontrolléiert zerstéiert”, dat heescht all Aarbechtsschrëtt ass vum INRA dokumentéiert ginn. Am beschte fir de Site selwer z’erhalen, wier en nees zouzetässelen, an esou géint de chemesche Prozess vun der Verwitterung schützen.

De Site erhalen mee och op maache fir de Public – eng Erausfuerderung

Eng eenzegaarteg Decouverte, déi no de “journées du patrimoine” kee méi soll kucke kënnen? Den Tourismus- a Kulturminister sicht mat der Gemeng no engem Kompromëss, deen de Site net a Gefor bréngt, mee duerch deen esouwuel den Tourismus, wéi och en edukative Volet kann entstoen. Nei Technologien, déi der d’Geschicht méi no bréngen, ouni dat Wäertvollt vun deemools ze zerstéieren.

Den Ausbau vun der Autobunn, de Chantier selwer, hätt keng negativ Auswierkungen op de Site, fir deen een an engem Joer wëllt konkret Léisunge presentéieren. Eng Réimervilla fir d’Gemeng, fir d’Nordstad, e qualitativ héichwäertegen Tourismus-Site fir d’ganzt Land. E Site mat Potential, an net just intressant fir d’Touristen.

Back to Top
CIM LOGO