
E Camionschauffer, deen e Sonndeg de Moien um 9 Auer ugehale gouf, well hie Schlaangelinnen op der A1 gefuer ass, gehéiert awer net zu dësen. De Mann gouf mat sengem Gefier zwar op der Sortie Kierchbierg ugehalen, mä den Alkoholtest war negativ.
Däitlech positiv dogéint war den Test kuerz viru Mëtternuecht bei engem Automobilist. Dee war ouni Luuchten an am Zickzack op der Autobunn ënnerwee. Wéi d’Police de Won ugehalen huet, hu si nach eppes Weideres misste feststellen. Am Auto souze véier erwuesse Persounen an zwee kleng Kanner, déi awer net an engem Kannersëtz fixéiert waren. Den Alkoholtest beim Chauffer war positiv an hien huet d’Gefier misste stoe loossen.
Zu Nidderkuer war dann e Mann ënnerwee, deen ze vill gedronk hat an däitlech ze séier gefuer ass. No enger kuerzer Course-poursuite konnt de Chauffer zu Déifferdeng gestoppt ginn an de Permis gouf agezunn.