1. OktoberSchluss fir den allgemenge Subsid beim Elektrovëlo

RTL Lëtzebuerg
Wien nach vun den ale Klima-Bäihëllefe profitéiere wëll, dee muss sech bäimaachen.

Vum éischten Oktober u ginn et nämlech nei Regimmer a global gekuckt, ginn d’Hëllefen do gekierzt. D’Ännerunge betreffen d’Volete Wunnen a Mobilitéit:

Bei der Mobilitéit gëtt generell gekuckt zeréckgeschrauft, hei wëll ee méi selektiv ginn:

Primme lafen aus/Reportage Anne Wolff

Elektrovëloen

Fir einfach Elektrovëloe gëtt et nach bis den 30. September maximal 600 Euro. Duerno fält déi generell Primm ewech, ausser et kritt een d’Allocation de vie chère oder d’Energieprimm.

Méi Sue gëtt et awer fir de sougenannte Cargo-Bike, also e Vëlo, deen dofir geduecht ass, gréisser Chargen ze transportéieren an esou den Auto deels ersetze kënne soll. Do geet d’Primm vun aktuell 600 op dann 1.000 Euro erop. Dobäi dierf d’Primm net méi wéi d’Hallschent vum Kafpräis sinn.

E-Autoen

Bei den Elektroautoe gëtt och zeréckgeschrauft: Aktuell kritt een 3.000 bis 8.000 Euro zeréck, vum 1. Oktober u gëtt et nach maximal 6.000 Euro fir Autoen, déi bis zu 160 Wh/100 Kilometer verbrauchen. Verbrauche se tëscht 161 Wh/km an 180 Wh/Kilometer, respektiv 200 Wh/KM gëtt et nach 3.000 Euro.

Fir déck Autoe mat engem Stroumverbrauch vu méi wéi 200 Wh/Kilometer gëtt et keng Hëllefe méi.

Nei ass och, dass een den Auto elo 3 Joer hale muss, amplaz eent. Allerdéngs gëtt et vum Oktober un eng Primm fir elektresch Occasiounsautoen, vu maximal 1.500 Euro. Och hei gëllen awer Konditiounen.

Manner Subside fir Photovoltaik

Vum 1. Oktober u ginn d’Subside fir Photovoltaik-Anlagen zeréckgeschrauft. Aktuell läit dee bei bis zu 62,5 Prozent vun de Käschten, duerno sinn et nach 50 Prozent.

Als Beispill nennt den Ëmweltministère eng Anlag vun 10 KWc (Kilowatt-Crête, also déi maximal Puissance vun der Anlag bei optimale Konditiounen) mat engem Installatiounspräis vun 18.000 Euro. Nach bis den 30.09. kréich ee mam aktuelle Bonus 11.250 Euro erëm, vum 1. Oktober un nëmmen nach 9.000 Euro (Poursuite et réforme partielle des régimes d’aides financières “Klimabonus Wunnen” et “Klimabonus Mobilitéit” - Le gouvernement luxembourgeois)

Am Summer war och annoncéiert ginn, dass d’Demandeuren net méi d’Sue virstrecke mussen, mee just nach den net-subventionéierten Deel musse bezuelen (“Tiers-payant”). Dat ass bis dato awer nach net de Fall.

Wien also nach eng Photovoltaik op den Daach wëll, muss seng Demande bis den 30. September erareechen, fir nach déi al Konditiounen ze kréien.

Am Resumé

Elektrovëlo:

- Keng Allgemeng Subside méi
- Bis zu 1.000 Euro fir Cargobikes

E-Auto:

-Maximal. 6.000 Euro
-bis 1.500 Euro fir Occasiounen

Photovoltaik:

-Maximal 50 % vun de Käschten

Back to Top
CIM LOGO