Parlamentaresch FroSchnelltester vu chinesescher Firma bleiwen an de Schoule weider am Asaz

RTL Lëtzebuerg
An de Lëtzebuerger Schoule bleiwen déi aktuell Schnelltester vun der chinesescher Firma LEPU weider am Asaz.
© AFP

Dat äntwert d'Santésministesch Paulette Lenert zesumme mam Staatsminister Bettel op zwou dréngend parlamentaresch Froe vum Piraten-Deputéierte Sven Clement an der CSV-Fraktiounspresidentin Martine Hansen.

An den USA huet d'Food and Drug Administration nämlech zwou Zorten Tester vum chinesesche Produzent zeréckgezunn, well de Risk fir falsch Resultater ze héich ass.

Hei am Land, genee wéi an Éisträich, bleiwen dës Tester awer an de Schoulen am Asaz, ënnert anerem och well se duerch d'europäesch Autoritéiten zougelooss sinn an den entspriechende Marquage hunn.

Wann awer d'Tester net méi konform wieren an den Ufuerderungen net méi géifen entspriechen, misste se zeréckgezu ginn, sou d'Ministere Bettel a Lenert.

Esou Demarchë géifen et awer aktuell nach keng an Europa ginn.

D'Derogatioun, datt och Net-Professioneller kënnen den Test maachen, leeft de 15. September aus.

Am Ganzen huet d'Regierung 3 verschidden Tester a grousser Quantitéit kaf, fir esou Liwwer-Engpäss ze ëmgoen. Wann d'LEPU-Tester effektiv géifen zeréckgezu ginn, kéimen deemno Antigen-Tester vun anere Produzenten an de Schoulen an den Asaz.

Back to Top
CIM LOGO