Poopstvisitt zu LëtzebuergSchoulkanner, déi wëllen drun deelhuelen, kënne sech fräi froen

RTL Lëtzebuerg
An zwou Woche kënnt de Poopst François fir eng offiziell Visitt op Lëtzebuerg. Fir dobäi ze sinn, kënne Schüler a Schülerinne fräi kréien.
© AFP Archivbild

An engem Schreiwes un d’Direkteren an d’Direktesche vun de Lycéeën a vun de Regionaldirektiounen genee wéi un d’Presidenten an d’Presidentinne vun de Schoulcomitéë vum 9. September informéiert den Educatiounsminister Claude Meisch, datt déi Schüler a Schülerinnen, déi un der Poopstvisitt wëllen deelhuelen, eng Dispens kënnen ufroen.

Wien also beim Accueil vum Poopst um Flughafen, am Bëschofspalais oder an der Kathedral wëll derbäi sinn, kann eng Demande fir eng Dispens maachen.

Dofir ass en entspriechende Formulaire auszefëllen, mat deem groussjäreg Schüler hire Regent kënnen informéieren, bei mannerjärege Schüler mussen d’Elteren de Regent oder den Titulaire vun der Klass informéieren.

RTL ass dee ganzen Dag iwwer bei der Poopstvisitt de 26. September dobäi an iwwerdréit d’Highlights vum Dag live op der Tëlee, um Internet an op RTL Play..

* Aus enger éischter Versioun vum Artikel ass net kloer ervirgaangen, datt nëmme Kanner, déi wëlle bei engem offiziellen Akt vun der Poopstvisitt dobäi sinn, eng Dispens kënnen ufroen.

Back to Top
CIM LOGO