Jonker vum Lycée Aline Mayrisch am SenegalSchüler a Professeren ënnerstëtze mat ONG d'Ausbildung fir déi Jonk

RTL Lëtzebuerg
Vum 27. Oktober bis de 5. November si si am Süde vum Senegal, méi genau zu Eguilaye an der Casamance.

Am Kader vun hirem “Projet de solidarité” huet de LAML zënter der Rentrée 2022 e Partenariat mat der ONGD “Lëtzebuerger Guiden a Scouten fir ENG Welt”.

An Zesummenarbecht mat der senegalesescher ONG Jeunesse et développement ënnerstëtze si den Opbau vun engem Centre de Formation Professionel fir de Jonken aus der Regioun d’Méiglechkeet ze ginn, op der Plaz hir Ausbildung ze maachen a sech duerno esou kënnen ee Liewen op ze bauen.

Aktuell ass d’Delegatioun aus dem LAML fir 10 Deeg am Süde vum Senegal, zesumme mat Scouten aus der Casamance a Schüler aus der Gemeng vun Eguilaye um Chantier vum Centre de Formation. Den Austausch tëscht de Jonke vu Lëtzebuerg an deene vum Senegal wier ganz spontan, häerzlech an a villen Hisiichten beräicherend, sou d’Leit op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO