"Health Careers Day"Schüler kruten en Abléck an déi verschidde Beruffer am Santés- a Fleegesecteur

RTL Lëtzebuerg
D’Attraktivitéit am Gesondheetssecteur ass ee Problem, seet d’Gesondheetsministesch Martine Deprez um "Health Careers Day".
"Health Careers Day"
Schüler kruten en Abléck an déi verschidde Beruffer am Santés- a Fleegesecteur.

Fir dee Problem unzegoen, goufen de Schüler vum Maacher Lycée verschidde Beruffer am Gesondheets- a Fleegesecteur virgestallt.

Ëm déi 100 C-Schüler haten en Dënschdeg de Moien d’Méiglechkeet, interaktiv via Workshoppen an déi verschidde Fleegeberuffer anzedauchen. Déi Jonk haten héich Erwaardungen un den Dag:

  • “Ech erhoffe mir vill Saachen iwwert de Gesondheetssecteur ze léieren och wéi am Atelier mat der Wiederbelebung. Dass relativ interessant an einfach fir d’Zukunft och wichteg.”
  • “Vill matzehuelen einfach fir meng Zukunft, a vläicht eppes Neies ze fanne fir mäi Wee.”
  • “Fir verschidde Beruffer kennenzeléieren an halt och eng nei Vue ze kréien, wat genau dat da lo wierklech ass, an néi Informatiounen ze kréien.”

Grad de Schüler ouni konkret Virstellunge beim Beruff soll dësen Dag weiderhëllefen:

“Ech wéilt schonn eppes am Gesondheetssecteur maachen. Wat genau weess ech nach net, dowéinst sinn ech och frou, dass deen Dag hei ass an ech mech informéiere kann, wat et alles geet. Well et ginn awer extrem vill Beruffer, och méi wéi ee vläicht denkt, an dowéinst kucken ech einfach wat dat sou mat sech bréngt.”

De Kontakt zu de Leit am Secteur wier fir jonk Leit ze motivéieren sou d’CSV- Ministesch Martine Deprez: “Mat hirer Begeeschterung kréie mir vläicht aner Léit begeeschtert, an de Beruff ze goen.”

De Manktem u Personal am Gesondheetssecteur ass ëmmer nach grouss. Initiative wéi dës sinn dowéinst e wichtege Schrëtt fir d’Beruffer fir Jonker méi attraktiv ze maachen, seet d’Gesondheetsministesch.

Back to Top
CIM LOGO