Mir hunn den Nach-Direkter Gilles Estgen an der Cafeteria begéint. Et ass seng 20. Rentrée an och déi lescht. Déi gréissten Erausfuerderung fir säin Nofollger Pierre Weisgerber gesäit hien am Ëmgang mat der kënschtlecher Intelligenz (KI) an der Digitalisatioun.
De Pierre Weisgerber betount am Interview, do hätt ee sech scho Verschiddenes virgeholl, ma déi Changementer kéime lues a lues. Hien ass vun Oktober u fir ronn 1.300 Schüler responsabel: “Dat Spannendst ass fir mech déi vill Verantwortung, déi een e bemol op ee Koup beienee kritt, fir esou vill Schüler an esou vill Proffen z’iwwerhuelen, an dass et zum Schluss eng Schoulgemeinschaft ass”.

Wat dat partiellt Handyverbuet ugeet, dat den Educatiounsminister Meisch viru kuerzem annoncéiert huet, do wier de Maacher Lycée scho gutt opgestallt. Aktuell gëtt et nämlech schonn e fräiwëllege Verzicht am Klassesall. Dofir kënnen d’Schüler hiren Telefon virum Kuer an eng speziell Handystäsch vir bei der Tafel leeën.
Dass e méi generellt Handyverbuet uechtert Land komme soll, gesäit d’Stella Koob, Schülerin op der 7e, éischter positiv: “Ech fannen et relativ wichteg, well vill Schüler si vill um Handy. Dass een dann e bëssen Ofstand huet, deet engem relativ gutt”.

Hire Klassekomerod Felix Schmit ass där selwechter Meenung: “Et gi vill Schüler, déi schonn doheem vill um Handy sinn, an dat muss an der Schoul net sinn”.

Fir de Roby Brickler op der 2e wier et allerdéngs schonn e Changement. Fir d’Primärschoul géif hien et gutt fannen, ma duerno wier et schonn e Changement. Hie kéint et awer verstoen.
