
Ëm 20.23 Auer gouf eng schwanger Fra am Zuch op der Héicht vun der Schëfflenger Gare vun engem Mann belästegt. Op Nofro preziséiert d’Police, datt et hei zu ongewollte Beréierunge soll komm sinn. De presuméierten Täter ass kuerz drop vun enger Policepatrull op der Escher Gare empfaange ginn.
Fir ze klären, wat e Méindeg den Owend genee geschitt ass, huet d’Police eng Enquête an d’Weeër geleet a sicht an deem Kader elo no enger Fra, déi och am Zuch war an Zeie vum Virfall ginn ass. Si gëtt gebieden, sech um Policebüro vun Esch ze mellen, dat ënnert der Nummer (+352) 244 50 1000 oder per E-Mail u Police.ESCH@police.etat.lu.
D’Police mellt dann och nach eng Rei Abréch um Dënschdeg an an der Nuecht op e Mëttwoch.
Zu Schëffleng gouf en Dënschdeg géint 14 Auer an der Avenue de la Liberation en Abriecher vun der Awunnerin vun engem Haus iwwerrascht, nodeems hien duerch de Keller agebrach war. Den Täter huet doropshin d’Been an d’Hand geholl an ass geflücht. D’Police konnt den Abriecher net méi fannen, ma et goufen Ermëttlungen an d’Weeër geleet.
An der Stad am Rollengergronn gouf dann och an een Haus an der Strooss agebrach. D’Police konnt de presuméierten Abriecher allerdéngs kuerz no der Dot stellen. Seng Personalien goufen opgeholl an de Virfall gouf zu Protokoll geholl.
Wéi d’Police e Mëttwoch am Nomëtteg mellt, gouf et am Laf vum Moien dann och nach een Abroch an d’Kellerraim vun engem Méiparteienhaus an der Rue Felix de Blochhausen um Verluerekascht. Dobäi gouf ee Vëlo geklaut. Am Kader vun enger Sich konnt de presuméierten Déif awer gestallt ginn. Hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum e Mëttwoch am Nomëtteg virun den Untersuchungsriichter.