Gruppecamp vun den LGSScouten hu Spaass ënnert fräiem Himmel

Diana Hoffmann
Déi éischt Kéier zanter 13 Joer hunn d’Lëtzebuerger Guiden a Scoute vum Cents nees e Gruppecamp organiséiert.
Scoutecamp
Fir déi Jéngst am Camp tëscht sechs an eelef Joer, also d’Biber an d’Wëllefcher, hutt et geheescht apaken.

Bal ee Joer huet een dru geplangt. De Scoutscamp vun de Lëtzebuerger Guiden a Scoute vum Cents ass den Ament um Sennengerbierg. 103 Kanner a Jonker am Alter tëscht 6 a 17 Joer si mat dobäi. Encadréiert vu 27 benevolle Cheffen an 11 weidere Fräiwëllegen.

Fir déi jéngst am Camp tëscht 6 an 11 Joer, also d’Biber an d’Wëllefcher, huet et e Samschde geheescht apaken. «Ech war 4 Deeg hei. Ech hunn am Camp geschlof, giess a mir sinn an de Bësch gaangen», seet den 8 Joer alen Theo. An och den 8 Joer ale Leo schwäermt vun de ville Spiller an de villen Aktivitéiten, déi gemaach goufen. «Et stéiert mech guer a glat net, dass et reent », sou de Leo.

D’Campliewe gouf vum Wieder net beaflosst. D’Oflenkung war sou grouss, dass keng Zäit war fir sech Gedanken ze maachen. Zum Alldag vun de méi grousse Scoute vu 14 Joer u gehéiert dann, fir sech selwer ze suergen. De 15 Joer ale Gatien weess, wisou hie bei de Scoute mat dobäi ass. “Mir léiere vill. Zum Beispill um Feier ze kachen. Eens ze gi mat der Natur, wat villäicht net all Mënsch kann», ënnersträicht hien. Hien géing all Dag eng flott Zäit mat de Kolleege verbréngen an einfach Spaass hunn.

Flott Amenter zesummen ze hunn, d’Kanner frou maachen an hinnen erméiglechen, aussergewéinlech Saachen z’erliewen ass d’Zil. E ganz spezielle Camp ass et awer fir d’LGS-Scoute vum Zens, well et déi éischt Kéier zanter 13 Joer nees e Gruppecamp ass. «All eis Branchë vu Biber bis CaraPio mat de Cheffe sinn hei zesummen. Dacks wëssen d’Kanner net, dass se en Deel vun engem Ganze sinn, en Deel vun engem risege Grupp. Op dësem Camp gesinn se dat richteg», seet den Alex Berg, Campchef, zanter 8 Joer a Chef bei den LGS.

Back to Top
CIM LOGO