
Um 8.30 Auer e Freideg gouf d’Police alarméiert, well sech an der Stroossbuerger Strooss am Stater Garer Quartier géifen e puer Persounen zerklappen. Och vun engem Messer ass Rieds gaangen, dat eng Persoun soll gezunn hunn. Sämtlech Persoune konnten no enger kuerzer Sichaktioun gestallt ginn. Eng Persoun koum an de Centre de rétention.
Géint 17.30 Auer du gouf d’Police wéinst enger aggressiver Persoun an de Garer Quartier geruff, déi op der Place de la Gare Passante géif belästegen. Och wéi d’Beamten op der Plaz waren, huet de Mann sech weiderhin aggressiv beholl. Well hien och nach staark alkoholiséiert war an doduerch eng Gefor fir sech an anerer duergestallt huet, koum hien an Arrest.
Do virdru war nach eng Persoun an engem Zuch a Richtung Waasserbëlleg negativ opgefall. E Mann hat do géint 17.20 Auer e Schaffner geschloen a war och schonn am Virfeld op der Gare zu Mäertert opgefall, well hie sichtlech gedronk hat. Hie koum an d’Ausniichterungszell.
Méi spéit um Owend, géint 23.50 Auer ass eng Policepatrull an der Rue Joseph Junk an der Stad op zwou Persounen opmierksam ginn, déi sech do an den Hoer haten. Well och si staark alkoholiséiert waren a sech géigesäiteg héichgeschaukelt hunn an hirer Roserei, hunn d’Polizisten decidéiert, si zwecks Ausniichterung an Arrest ze setzen.
Zu Réiden un der Atert krut d’Police en Automobilist gemellt, dee wéinst geféierlechem Fuerverhalen opgefall ass. Hie konnt gestoppt ginn an en Alkoholtest kuerz drop war positiv. De Chauffer krut e provisoresche Fuerverbuet an e Protokoll.