CGDIS-BulletinSechs Accidenter mat siwe Blesséierter e Samschdegowend an an der Nuecht

RTL Lëtzebuerg
Den 112 mellt vun e Samschdeg den Owend an an Nuecht op e Sonndeg direkt sechs Accidenter.
© RTL Archiv

Géint 17.40 Auer gëschter Owend sinn zu Esch um Boulevard John F. Kennedy zwee Autoen anenee geknuppt, zwou Persoune goufen hei blesséiert. Ambulanzen aus Esch a vu Beetebuerg waren op der Plaz.

Zwee weider Blesséierter gouf et dann ëm kuerz virun 18 Auer zu Bartreng an der Areler Strooss bei engem Accident. Hei hu sech Ambulanzen aus der Stad a vu Mamer gekëmmert.

E weidert Accident dann ëm kuerz no 19 Auer zu Diddeleng an der Industriezon Wolser, wou awer kee blesséiert gouf. Nach eng Kollisioun tëscht zwee Autoe mellt den 112 da fir 21.30 Auer tëscht Ouljen a Betzder, wou eng Persoun blesséiert gouf.

Kuerz viru Mëtternuecht koum et dann nach zu engem Accident op der A13 an Direktioun Schengen, tëscht Lalleng a Schëffleng. Och hei gouf et ee Blesséierten. Ee weidere Blesséierte gouf et géint 1.30 Auer bei engem Accident op der Landstrooss tëscht Ollem a Kapellen.

An der Nuecht op e Sonndeg huet d’Police op Uerder vum Parquet zwou Alkoholkontrollen zu Nidderfeelen an zu Gilsdref duerchgefouert. 398 Chauffere goufe kontrolléiert. An zwee Fäll war den Otemtest positiv an de Führerschäi gouf agezunn.

Back to Top
CIM LOGO