En Donneschdeg an e Freideg an der NuechtSechs Blesséierter bei am Ganze véier Accidenter op eise Stroossen

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg Owend respektiv e Freideg an der Nuecht ass et op véier Plazen zu Accidenter am Trafic komm.

Kuerz no 17.30 Auer hate sech zu Esch an der Rue du Fossé zwee Autoen ze pake kritt. Eng Persoun gouf blesséiert. D’Pompjeeë vun Esch an d’Ambulanz vun Diddeleng waren op der Plaz.

Um 23.05 Auer hat sech zu Rodange an der Lonkecher Strooss en Auto iwwerschloen. Den Noutdokter vum Samu un Esch huet sech hei missen ëm ee Blesséierte këmmeren. Donieft waren d’Pompjeeë vu Käerjeng a Péiteng an d’Ambulanz vu Péiteng op der Plaz.

Kuerz virun 1.00 Auer um Freidegmoien goufen dräi Persoune blesséiert, ewéi sech zu Gilsdref an der Haaptstrooss dräi Autoen ze pake kruten. Hei goufen zwou Ambulanzen aus der Fiels, eng weider Ambulanz aus der Nordstad an d’Pompjeeë vu Bettenduerf an den Asaz geruff.

Um 4.12 Auer krut dann en Auto an der Tréierer Strooss um Findel en Auto ze paken. Hei huet eng Persoun misse versuergt ginn. Op der Plaz waren d’Pompjeeë vu Sandweiler an d’Ambulanz aus der Stad.

Back to Top
CIM LOGO