Op eise StroossenSechs Blesséierter bei zwee Accidenter

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg den Owend hat et op eise Stroossen zwee Mol geknuppt.

Géint 17.40 Auer ass tëscht Noutem a Béiwen en Auto accidentéiert. Hei gouf eng Persoun verwonnt. D’Pompjeeën aus der Stauséigemeng an d’Ambulanz vu Wolz waren op der Plaz.

Direkt fënnef Blesséierter gouf et dann, wéi sech um 18.12 Auer an der Rue Pierre Gansen zu Nidderkuer zwee Autoen ze pake kruten. D’Ambulanze vun Esch, Diddeleng a Keel waren hei am Asaz, grad ewéi d’Pompjeeën aus dem Asazzenter Suessem-Déifferdeng.

Back to Top
CIM LOGO