
Dacks ginn d’Täter systematesch un d’Klensche vun den Autosdieren zéien, fir ze kucken, ob dës zou sinn. A relativ dacks hu si och Succès, wéi d’Police matdeelt.
Et ass de Rappell, säi Gefier och dann zouzespären, wann ee just kuerz fort ass. Zum Beispill wann een den Akafsweenchen nees zeréckbréngt, déi puer Minutte gi schonn duer. Et sollt een egal wéi keng Wäertgéigestänn am Auto leie loossen an och d’Fënsteren zoumaachen.
Nieft oppenen Autoe kritt d’Police awer och vill Fäll gemellt, bei deenen Onéierlecher den Haus- oder Garageschlëssel aus Gefierer klauen, déi virum Haus geparkt stinn a verschafe sech sou en Zougang. Hei ass et dann och de Rot vun der Police, seng Schlësselen oder den Drécker vun der Garage net am Won ze loossen.